Protegéiert GebailechkeetenEng 1.000 klasséiert Haiser solle Plackette kréien

RTL Lëtzebuerg
Dëst géing awer just mam Accord vum Proprietär geschéien, heescht et vum INPA.
© RTL-Archiv

Aktuell ginn et ronn 1.000 national klasséiert Gebaier am Land, déi meescht gehéiere Privatleit. An Zukunft sollen dës protegéiert Haiser an Infrastrukturen och duerch eng entspriechend Placketten no baussen erkennbar ginn. Eppes, wat am Ausland och usus ass.

D’Nofollger-Verwaltung vu Sites et Monuments, den INPA, preziséiert, datt dëst nëmme mam Accord vum Proprietär geschitt. Weider heescht vun der Kulturministesch Sam Tanson, datt an Zukunft d’Zuel vun de klasséierten an uerdentlech restauréierten Haiser weider soll an d’Luucht goen.

Da sollen dës Gebailechkeeten, déi de bauleche Patrimoine vun eisem Land duerstellen och analog an elektronesch markéiert ginn, sou datt iwwer e QR-Code dës Informatioune fir all d’Leit accessibel sinn.

Dat äntwert d’gréng Ministesch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup, dee sech um wäiss-bloe Marquage vu klasséierte Gebaier an Holland inspiréiert hat.

PDF: Äntwert vum Sam Tanson op parlamentaresch Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO