All Mënsch huet den nämmlechte Wäert, onofhängeg vu senger Hierkonft, Sprooch, Relioun, Geschlecht oder sozialem Status. Esou steet et an der Mënscherechtskonventioun, déi 1948 vun der UNO ugeholl gouf. Rechter, un déi ëmmer nees erënnert soll ginn, virun allem an Zäiten, wou se heiansdo mol vergiess ginn. Virun allem e Mëttwoch, wou den Internationalen Dag vun de Mënscherechter war. Fir déi Occasioun, huet Amnesty International Lëtzebuerg owes eng Marche an der Uewerstad organiséiert, fir un d’Mënscherechter z’appelléieren, an op d’Mëssstänn zu Lëtzebuerg an och iwwer d’Grenzen eraus, opmierksam ze maachen.
Mënscherechter sinn universell a gëllen ouni Ausnam fir all Mënsch. Sou war et 1948 virgesinn, wéi d’Allgemeng Konventioun vun de Mënscherechter vun der UNO proklaméiert gouf - als Fundament fir Fräiheet, Gerechtegkeet a Fridden op der Welt. Eppes, wat hautzedaags net méi iwwerall op der Welt selbstverständlech schéngt, mengt den David Pereira, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg:
“Wann een internationaalt Recht ugräift, an d’Mënscherechter ugräift, dann ass d’Resultat dat, wat mir haut erliewen. Dat heescht, ëmmer méi Kricher, d’Aarmut geet staark an d’Luucht, d’Fraerechter ginn a Fro gestallt, d’Migratiounsrechter ginn a Fro gestallt, a schlussendlech leit jiddereen dorunner, well dann d’Endresultat ass, dass nëmmen eng ganz kleng Unzuel u Leit de Profit hunn.”
Virun allem d’Meenungsfräiheet, d’Pressefräiheet an d’Recht ze manifestéieren, sinn dëst Joer d’Prioritéite vun Amnesty International.
Op hirer Marche goufen déi 30 Artikele vun der Mënscherechtserklärung ervirgehuewen. Prinzipiell Valeure si Mënschlechkeet a Solidaritéit, déi haut am Vierdergrond solle stoen.
Mat Fakelen a Plakater hunn e Mëttwoch den Owend eng gutt 100 Leit op der Marche Lidder a Rieden iwwer Fridden a Mënscherechter gesongen, respektiv gehalen.
Firwat si hei wieren, hu mir eng Rei vun de Leit op der Marche gefrot:
“Fir meng Solidaritéit mat all deene Leit ze weisen, déi op der Welt ënnerdréckt sinn, deenen hir Mënscherechter massiv a Gefor sinn.”
“Et ass eng Traditioun bei mir an an der Famill, well d’Mënscherechter an d’Deklaratioun vun de Mënscherechter eis Basiswäerter sinn a well et wichteg ass, dass een och eraus geet, an dat op der Strooss weist.”
“Et sinn esou vill Plazen op der Welt, wou d’Mënscherechter mat de Féiss getrëppelt ginn. An am Moment si jo Diskussiounen, dass d’Mënscherechter solle verwässert ginn, dass déi net méi déi nämmlecht solle sinn, wéi nom Zweete Weltkrich.”
Wat d’Mënscherechter zu Lëtzebuerg ugeet, sinn déi meescht Leit zefridden. An anere Länner géing et vill méi Problemer a Misär ginn. An awer, géingen et och bei eis nach Erausfuerderunge ginn.
“Een Theema, dat och hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer ganz aktuell ass, sinn d‘Leit déi biedele musse goen a wou mir jo de Bettelverbot hei zu Lëtzebuerg hunn.”
“Ech géing mengen hei zu Lëtzebuerg leeft dat meescht gutt. D’Pressefräiheet kann een driwwer diskutéieren, do ass jo och vun der Press gesot ginn, si bréichten ee barrierelosen Zougang zu Informatiounen, dat ass leider nach ëmmer net de Fall.”
“Ech hunn d‘Gefill, dass et bei eis méi gerecht zougeet wéi a souguer verschiddenen aneren europäesche Länner a scho guer net ze schwätze vun anere Länner. Mee och hei fannen ech awer, dass gewësse Basisrechter, Mënscherechter awer ufänken, ugekraazt ze ginn. Fräi seng Meenung soen, ouni mussen ze fäerten.”
Fir eng besser Iwwersiicht iwwer méiglech Mëssstänn am Land ze kréien, huet Amnesty International Lëtzebuerg e Mëttwoch hiren éischten Notifikatiounsformulaire lancéiert. Iwwer hir Internetsäit kann een do anonym oder mat Numm ee Message hannerloossen, wann een de Verdacht huet, datt Mënscherechter verletzt goufen.