AdemEng 200 Leit aus der Ukrain hu sech bis ewell ugemellt

Monica Camposeo
Eng 200 Persounen aus der Ukrain hu sech scho bei der Adem gemellt, fir eng Aarbechtsplaz hei am Land ze fannen.
200 Ukrainer hu sech bei der Adem gemellt
Eng 200 Persounen aus der Ukrain hu sech scho bei der Adem gemellt, fir eng Aarbechtsplaz hei am Land ze fannen.

Zum Deel froen och Patronen no spezifesche Profiller, dat virun allem an de Beräicher Finanzen an IT. D’Monica Camposeo huet bei der Adem zwou Persoune getraff, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn.“Ech sinn e professionellen Trader an hu laang Joren a verschiddene Banke geschafft. An den USA, am Chile an eben an der Ukrain. Ech wéilt hei natierlech och gären an deem Beräich schaffen. Lëtzebuerg ass jo och bekannt als grouss Finanzplaz.”

60 Demanden fir eng Aarbecht huet de Vladimir Kozyrev dëse Mount verschéckt. Hien ass optimistesch a weess, dass an der Finanz-Branche déi englesch Sprooch dacks duer geet. Dat ass awer net ëmmer sou, d’Sprooch bleift eng grouss Erausfuerderung, seet de Mario della Schiava, Responsabel vum Service Demandeurs d’emploi bei der Adem.

Eng 50% vun de Leit, déi sech bis ewell ugemellt hunn, kéinten Englesch.

Fir deene Leit ze hëllefen, déi keen Englesch kënnen, setzt d’Adem-Conseilleren an, déi ukrainesch oder russesch kënnen. De Mario della Schiava präziséiert awer, dass opgefall wier, dass ze wéineg Mataarbechter ukrainesch oder russesch kënnen.

Dobäi kënnt, dass d’Diplomer mussen homologéiert ginn, wann d’Leit an hirem Beräich wëlle weiderschaffen. Vun den 200 Leit, déi sech bis ewell bei der Adem ugemellt hunn, hunn eng 70 Prozent en Unisdiplom, esou nach den Mario della Schiava.

An hirem Beräich bleiwen wéilt och d’Olga Pavlyuk. Si war an der Ukrain a verschiddene Beräicher selbststänneg an huet sech ëm de Marketing gekëmmert. Mee fir de Marché hei ze kennen, bräicht si Zäit, seet si. Dowéinst sicht si elo an aneren Beräicher.

“Eng Aarbecht fannen, ass fir mech deen éischte Schrëtt. Ech muss nees bei Null ufänken, well ech alles verluer hunn. Ech hu mäi Business verluer, mäin Doheem, d’Gesondheet wéinst dem Stress. Dowéinst, wat ech elo brauch, ass eng Aarbecht. Egal wéi eng Zort vun Aarbecht.”

An Zukunft wéilt d’Olga Pavlyuk awer erëm selbststänneg schaffen, wa si sech hei besser auskennt, seet si.

Ma d’Demande no Aarbechtskraaft ass op der Säit vun den Employeuren och do. Eng Rei Patronen hätte sech direkt mat Ufroe bei der Adem gemellt, esou den Laurent Peusch, Responsabel vum Service employeurs.

Nieft dem Finanz- an IT-Secteur wier och an der Gastronomie eng grouss Demande do.

Bei der Adem gëtt nach betount, dass all d’Demandeurs d’Emploi d’nämmlecht behandelt ginn. Sproochecoursen a Formatioune stinn de Leit och zur Verfügung. D’Olga Pavlyuk an de Vladimir Kozyrev huelen déi Offer un a ginn dovunner aus, dass si eng länger Zäit hei wäerte bleiwen.

“Wat mir wäert hëllefen, eng Aarbecht ze fannen, ass sécherlech Franséisch ze léieren. An och Lëtzebuergesch. Gëschter hat ech mäin éischte Franséisch-Cours op der Uni um Belval.” Esou de Vladimir Kozyrev.

Och d’Olga Pavlyuk plangt sech, hei en neit Liewen opzebauen. Si géing den Ament éischter vun Dag zu Dag kucken, wéi si sech ka nëtzlech maache seet si.

“Et ass wichteg, eng Aarbecht ze hunn, well ech si mer sécher, dass sech näischt wäert änneren a mengem Land a wann, da just zum Schlechten. Mee dat wäert ganz laang daueren, fir alles nees opzebauen, wat zerstéiert gouf.”

Back to Top
CIM LOGO