De Virfall hätt direkt näischt mam Plan d'urgence ze dinn, dee wéinst dem Coronavirus am Prisong a Kraaft gesat gouf. Dëse gesäit jo eng Limitatioun vu Visitten, Sortien an Aarbechtsaktivitéiten am Prisong vir.
Indirekt spillen déi Mesuren awer natierlech och eng Roll. Net duerch Zoufall, sinn zäitgläich op e Mëttwoch nämlech och Onrouen an de Prisongen am noen Ausland ausgebrach, wéi beispillsweis zu Arel, wou souguer Feier geluecht gouf. Ma och a Frankräich koum et zu Prisongsonrouen.
Och zu Schraasseg wier de Materialschued jo nawell net kleng, goufe mer vum Prisongsdirekter gewuer. Den Ament wier d'police judiciare nach mat hirer Enquête am gaangen. Blesséierter gouf et net. Wéi mer vun der Plaz selwer gewuer goufen, waren um 12 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg 3 Ambulanzen, e Samu, 2 Pompjeesween an 12 Policeautoen am Asaz. Den Asaz vun der Police war géint 1 Auer eriwwer.
D'Revendicatioune vun de Prisonéier, déi randaléiert hunn, riichte sech iwwregens weiderhin ëm de Justiz-System, dee si, an hiren Aen, weiderhin defavoriséiert. Gefuerdert gi manner héich Strofen, oder sougenannte Visites familiales intimes, wat awer den Ament net méiglech wier. Grosso modo also legislativ Changementer, zu Gonschte vun den Détenuen.
Déi Leit, déi d'Onrouen initiéiert hunn, riskéieren iwwerdeems héich Strofen. Et wier, grad elo an Krisenzäiten, wichteg, fir besonnesch am Prisong Rou ze hunn.
Just als Rappell: an de leschte Joren hate sech d’Giischtercher emol driwwer beschwéiert, dass si net dat richtegt Material hätten, fir an esou Fäll vun Onrouen hir Aarbecht korrekt kënnen ze maachen. Virun 2 Joer hate sech eng Rëtsch Prisonéier bei engem Opstand iwwert d’Ëmsetzung vum Strofvollzuch am allgemenge beklot.
Polizeieinsatz in der Haftanstalt in SchrassigAm Mittwoch, dem 25.03. wurde der Polizei gegen 21 :30 Uhr ein Aufstand in der Haftanstalt in Schrassig gemeldet. 25 Inhaftierte randalierten im Inneren. Mehrere Einheiten der Polizei, darunter die Spezialeinheit der Polizei und die Hundestaffel der Polizei kamen vor Ort. Gegen 01:00 Uhr (26.03.) war der Einsatz abgeschlossen.
Ersten Informationen zufolge wurde beim Einsatz niemand verletzt, es blieb beim Sachschaden.
Auf Anordnung der Staatsanwaltschaft wird eine Ermittlung in die Wege geleitet.
Neben der Polizei weilte auch der CGDIS vor Ort.
Catherine Weber
Direction Communication