Den Horeca Secteur, bestoend aus Hoteller, Restauranten a Caféë wier schonn ëmmer ee gewiescht, dee vill rekrutéiert huet. Wärend der Pandemie koum dann nach dobäi dass, eng ganz Partie Leit eng aner Karriär ageschloen hunn. Dowéinst géing den Ament dréngend no diverse Profiller gesicht ginn, seet de Laurent Peusch, Chef vum Service Employeur bei der Adem.
Nieft qualifizéierte Leit, wéi zum Beispill Käch mat engem DAP, ginn och nach aner Leit gesicht, sou de Laurent Peusch. “Bei engem dee motivéiert ass, do soen d’Patronen och, dass se deem eng Chance ginn.”
Eng 40 Entreprisen, déi neit Personal wëlle rekrutéieren, waren um Job-Dag an engem Hotel zu Dummeldeng vertrueden. D’Echoen hei ware ganz ënnerschiddlech. Generell freeë sech d’Betriber eng Plattform ze hunn. Annoncen ze schalte wier deier, genausou wéi aner Entreprisë mam Rekrutement ze beoptragen. Et wieren awer och vill interessant Leit do. De generellen Echo war awer, dass eng maximal 10 Prozent vun de Liewensleef, déi eragereecht ginn, géingen zréckbehale ginn.
De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp, huet betount, dass awer och de Secteur misst dru schaffen, attraktiv ze sinn andeems zum Beispill Logement oder eng Bensinsskaart fir op d’Schaff gebuede gëtt.
“Et kann och sinn, dass Betriber soe mir schaffe véier Deeg an dofir 10 Stonnen den Dag. Dat geet net iwwerall, mä et gëtt Betriber wou et kéint goen”, sou nach eng Iddi vum Generalsekretär. Dass d’Leit géinge feelen, ass senger Meenung no och dem enorme Wuesstem vum Land an deene ville Frontalieren, déi och hei consomméieren, geschëlt. Hien geet esouguer dovunner aus, dass net just 800 Leit am Secteur géinge feelen, mä iwwer 1.000 Salariéeën.