StatecEng Etüd iwwert d'Jugendlecher zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Dem Statec no wunne bal 170.000 jonk Leit am Grand-Duché, vun deene 55,8% Lëtzebuerger sinn.

Mat Bléck op déi ganz lëtzebuergesch Bevëlkerung si 27,7% méi jonk ewéi 25 Joer.

Zanter méi wéi engem Joerzéngt geet dëse Prozentsaz allerdéngs erof. 2001 waren et nach 30,4%. Dat läit wahrscheinlech dorun, dass ëmmer méi Leit op Lëtzebuerg kommen. Déi meescht Immigrante wëllen nämlech hei am Land studéieren oder schaffen.

Etüd iwwer Jugendlecher/Reportage Liz Theisen

Den Taux vun de Jugendlechen, déi 2018 eng Aarbecht fonnt hunn, läit bei de Schüler vum Enseignement Secondaire bei 78,5% a bei den Uni-Absolvente bei 94%. Déijéineg, déi eng Léier gemaach hunn, hunn eng gréisser Chance, fir eng Aarbecht ze fannen. 2018 waren et der am Ganze 95,4%.

An awer hu 40% vun de Jonken nëmmen e contrat à durée déterminée. Bei den iwwer 25-Järege sinn et der just 8%. Iwwregens ginn et och vill Jonker, déi nëmmen hallef schaffen. Déi Jugendlech sinn och méi zefridden, wat hir Fräizäitaktivitéiten ugeet. Dat läit wahrscheinlech dorun, dass déi eeler Leit méi schaffen an domat manner Zäit fir hir Hobbyen hunn.

Zwee Drëttel vun de Jonke sinn "économiquement parlant inactif", woubäi praktesch jidderee studéiert oder eng Formatioun, respektiv eng Léier mécht. Dat ass och villäicht de Grond, firwat et ëmmer manner Persoune ginn, déi sech scho ganz fréi wëlle bestueden. Et ginn zwar nach ëmmer méi Fraen ewéi Männer, déi jonk bestuet ginn, mee dofir ginn et awer ëmmer manner jonk Mammen. Am Joer 2000 goufen et nach 17% Fraen ënnert 25 Joer, déi e Kand op d’Welt bruecht hunn. 2018 waren et der dunn nëmmen nach 8%.

Bei der Gesondheet hunn déi jonk Lëtzebuerger d’Nues vir: 87% ginn un, dass si bei gudder Gesondheet sinn, woubäi dat beim Rescht vun der Welt just 66% sinn.

Mee et muss een och soen, dass déi Jonk zu der Altersgrupp gehéieren, wou d’Magersucht am meeschte präsent ass. Dofir ginn et och vill manner Kanner, déi iwwergewiichteg sinn. Dat huet wahrscheinlech och domat ze dinn, dass et bei hinne schonn üblech ass, fir mat de Kollegen iwwert d'sozial Medien ze kommunizéieren.

Bal een Drëttel gëtt och un, mindestens eemol an der Woch Alkohol ze drénken.

Den Alkohol spillt awer och beim Autofueren eng grouss Roll. 16% vun den Accidenter, déi vun engem Jugendleche provozéiert goufen, si wéinst engem alkoholiséierte Chauffeur geschitt.

Wat d'Autofueren ugeet, hunn déi Jonk awer och nach e ganz anere Problem. Bei 35% vun den Accidenter ass nämlech eng ze héich Vitess d’Ursaach. Ënnert anerem waren dowéinst d'lescht Joer 31% vun de Verkéiersaffer méi jonk ewéi 25 Joer. An awer passen déi Jugendlech nach éischter op de Sécherheetsofstand an op d’Virfaarten op.

Mat Bléck op dës Zuele kann also gesot ginn, dass déi Jugendlech et awer ganz gutt zu Lëtzebuerg hunn.

LINK: Ee flotten interaktive Quiz bei de Kollege vum 5minutes.rtl.lu - Comparez votre vie à celle des autres jeunes Européens.

Back to Top
CIM LOGO