
Wéi d’Police op Nofro hi confirméiert huet, hätt eng vun deenen zwou Fraen déi aner wärend dem Sträit mat engem Cutter attackéiert a si dobäi liicht blesséiert. D’Beamte waren op der Plaz an hunn e Rapport vum Tëschefall geschriwwen.
E weidere Fall vu Kierperverletzung gouf et da kuerz virun 23 Auer an enger Wunneng zu Duelem. D’Affer gouf op der Plaz vum Rettungsdéngscht versuergt a koum duerno an d’Spidol. De presuméierten Ugräifer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.