DikrechEng Fra gouf vun 3 aner Fraen iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 17.15 Auer gouf zu Dikrech an der Rue St. Antoine eng Fra vun 3 aner Fraen iwwerfall.

Nodeems d'Affer den Täterinne keng Sue wollt ginn, ass si widder eng Mauer gedréckt ginn. Eng vun den dräi Fraen huet dem Affer eng Ketten ofgeholl an huet hir Posch duerchwullt.

Nom Iwwerfall si si a Richtung Rue du Palais geflücht. D'Police konnt déi 3 Fraen, déi alleguerten en donkele Mantel unhaten a laang, schwaarz Hoer haten, net fannen.

D'Affer ass beim Iwwerfall net blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO