
E Mëttwoch den Owend ass der Police zu Beetebuerg en Auto opgefall, dee mat engem geplatzte Pneu ënnerwee war a just nach op der Felg gefuer ass. Och d’Bäifuerersäit war beschiedegt. Den Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.
Kuerz virun 23 Auer e Mëttwoch gouf an der Stad an der Côte d’Eich en Automobilist mat 95 amplaz vun den erlaabte 50 km/h geblëtzt a gestoppt. Och dëse Chauffer hat ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn. Well och keng gülteg Assurance do war, gouf de Won immobiliséiert.
Kuerz no Hallefnuecht ass der Police op der A4 a Richtung Esch dunn nach en Automobilist opgefall, deen extrem lues ënnerwee war. Och dëse Won gouf gestoppt an de Chauffer hat ze vill gedronk, wéi bei der Kontroll festgestallt gouf.
E Mëttwoch war dann an der Stad an der Rue de Beggen nach eng grouss ugeluechten Alkoholkontroll. 235 Automobiliste goufe kontrolléiert, 5 Alkoholtester ware positiv, 2 Permise waren op der Plaz fort.