
Zwou Ambulanze vun Diddeleng an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.
Kuerz no 7 Auer waren dann an der Route de Trèves um Sennengerbierg 2 Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen waren hei am Asaz.
Géint 7.15 Auer hat dann eng Maschinn an enger Industrie-Hal zu Iechternach Feier gefaangen. Hei gouf eng Persoun méi eescht blesséiert. Zwou Ambulanze vun Iechternach, de Samu aus der Stad an d’Pompjeeë vun Iechternach a Konsdref waren op der Plaz.
Ronn eng Stonn méi spéit gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi zu Koplescht an der Rue de Mersch 2 Autoe matenee kollidéiert sinn. D’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vu Koplescht waren hei op der Plaz.
Kuerz virun 9 Auer hat sech dann en Auto zu Flatzbuer iwwerschloen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Ambulanze vu Réiden a Wolz an d’Pompjeeë vu Rammerech waren hei am Asaz.
Zu Näerden an der Arelerstrooss hat et kuerz viru 16 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D’Pompjeeë vu Biekerech an d’Ambulanciere vu Rammerech waren op der Plaz.