
Kuerz no 12 Auer hat zu Colmer-Bierg an der Rue Leseberg an enger Kiche gebrannt an d’Pompjeeë si fir eng Kontroll op d’Plaz gefuer. Kengem ass dobäi eppes geschitt.
Géint 14.30 Auer krute sech um Briddel an der Steeseler Strooss 2 Gefierer ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Gerabbelt hat et um 15 Auer um Houwald. Och hei war et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen an engem Blesséierten.
Da gouf et kuerz viru 15 Auer eng Dampentwécklung zu Déifferdeng an der Avenue Charlotte an Rolleng an der Avenue de la Gare hat kuerz no 16 Auer eng Heck gebrannt.