CGDISEng ganz Rei Accidenter um Samschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Um 12.55 Auer krute sech zu Clierf an der Maarnecher Strooss een Auto an ee Motocyclist ze paken. Derbäi gouf et ee Blesséierten.

Um 11. 18 Auer ass um Scheedgen Direktioun Lauterbuer ee Motocyclist gefall. E gouf derbäi verwonnt.

Um 13.28 Auer war et zu Buerschent Direktioun Giewelsmillen d’Chute vun engem Motocyclist. Hie gouf derbäi blesséiert.

Um 13. 51 Auer war et zu Esch an der Rue Michel Lentz d’Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto. Derbäi gouf et ee Blesséierten.

Um 14.21 ass op der Maartplaz zu Réimech ee Motocyclist gefall, e gouf derbäi verwonnt.

Um 15.34 Auer hu sech tëscht dem Heischtergronn an Esch-Sauer 2 Autoen ze pake kritt. Hei gouf et 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO