Dat beschte Waasser kënnt aus dem Krunn! Ënnert dësem Motto huet haut um Weltwaasserdag den Ëmweltministère zesummen mat der Waasserverwaltung an "ALUSEAU" eng nei Campagne lancéiert. D'Zil ass kloer: Sou vill Léit wéi méiglech dozou bréngen op Waasser aus de Fläschen ze verzichten.
Lancéiert gouf d’ Campagne mat engem witzegen Video. Hei sicht den Siegfried dat beschten Waasser fir d’Melusina an zerwéiert him schlussendlech Krunnewaasser. Wat am Fong en Zesummespill ass aus Humor an Lëtzebuergeschem Patrimoine, soll d’ Léit dozou opfuerderen méi Krunnewaasser ze drénken.
Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch: "D'Drénkwaasser ass sécher, et ass gutt kontrolléiert an Drénkwaasser hei zu Lëtzebuerg vum Krunn ass gënschteg an et ass och ekologesch, well all Fläsch aus Plastik déi mir net mussen wechgeheien, all Meter, dee mir net musse fueren an all Këscht, déi mir net mussen droen, dat mécht eis d’Liewen méi einfach."
Bal 60% vun de Léit drénken all Dag Waasser aus dem Krunn, déi aner guer net oder just heiansdo. Et géifen nach ëmmer Onsécherheeten existéieren op d’ Krunnewaasser propper ass. Dës Bedenken wieren awer net begrënnt.
Georges Kraus, Aluseua: “Getest gëtt ganz vill. Zum Beispill vun de Gemengen a vun de Syndikater sinn esou 7.500 Tester, déi all Joer gemaach ginn. D’Waasserverwaltung mécht der nach 4.000-4.500 dobäi. Sollt iergendeng Analys net an der Rei sinn, dann héiert der et ganz séier um Radio oder op der Tëlee."
Wëll een wëssen wei propper genau d’ Waasser an senger Gemeng ass, kann een och op Drénkwaasser.lu kucke goen. do fënnt een dann eng Landkaart. Klickt een do op eng Gemeng, gesäit een aktuell Wäerter iwwert den Drenkwaasserzoustand.
Enn des Joers gëtt dann och nach en anere Projet lancéiert.
Jean-Paul Lickes, Waasserverwaltung: "Drëpsi nei Generatioun nenne mir dat elo, dat heescht, do kommen nei Ufuerderungen eigentlech mat dem modifizéierte Water-Safety-plan, dee mir och elo aféieren. Dee Moment kréien dann d’Gemengen d’Geleeënheet deen neien Drëpsi och unzefroen, dee sech a verschiddene Stufen dann deklinéiert."
Sou kann den Drénkwaassersystem vun enger Gemeng mat Bronze, Selwer, Gold an Platin ausgezeechent ginn. Verbessert eng Gemeng hire Waassersystem kann d’ Qualitéit vum Waasser klammen. Den Ëmweltministère betount awer: egal op Bronze oder Platin ... d' Drénkwaasser hei zu Lëtzebuerg ass iwwerall gutt an huet vill Virdeeler géigeniwwer dem Waasser aus de Fläschen. Dofir wënscht een sech, dass an Zukunft nach vill méi Léit op d’ Waasser aus dem Krunn zeréckgräifen.