Associatioun “Sou Kleng Sou Staark”Eng nei Ulafstell fir Famillje vu Fréigebuerten

Diana Hoffmann
Zu Lëtzebuerg kommen all Joer ronn 500 Puppelcher ze fréi op d'Welt. Fir hir Eltere bedeit dat dacks Woche voller Suergen an Ongewëssheet.
Associatioun “Sou Kleng Sou Staark”: nei Ulafstell fir Famillje vu Fréigebuerten
Zu Lëtzebuerg kommen all Joer ronn 500 Puppelcher ze fréi op d'Welt. Fir hir Eltere bedeit dat dacks Woche voller Suergen an Ongewëssheet.

De klenge Mylan ass viru siwe Wochen, an der 29. Schwangerschaftswoch, op d'Welt komm. Zanterhier ass hien an der Klinik. Dass dat kéint passéieren, dorop waren d’Gabi Lucas an hir Fra net preparéiert. “Mir hu geduecht, mir wiere relativ gutt informéiert iwwert d’Risiken”, betount d’Gabi Lucas. Iwwert d’Prematuritéit géing awer net vill geschwat ginn. Et wier eng Zort Tabuthema. Genee dat soll sech awer elo mat der Grënnung vun der neier Associatioun “Sou Kleng Sou Staark” änneren.

Presidentin ass d'Stéphanie Thein, déi selwer als Neonatologin schafft. Si huet an hirem Beruffsalldag gemierkt, datt d'Elteren zwar medezinesch begleet géinge ginn, mee besonnesch beim emotionalen Ëmgang mat der virzäiteger Gebuert dacks eleng géinge bleiwen. Dacks hätten d’Mamme Scholdgefiller, dobäi kéinten si gewéinlech näischt dofir, dass hire Puppelchen ze fréi op d’Welt komm ass.

Besser Conditioune fir d’Eltere vu Fréigebuerten

No der Gebuert kéint d’Mamm da fir ronn zéng Deeg bei hirem Puppelchen an der Maternité bleiwen. De Bëbee géing awer gewéinlech op d’mannst 16 Woche musse bleiwen. Fir d’Eltere géing dat eng laang Zäit bedeiten, an där si mussen tëscht hirem Doheem an dem Spidol pendelen, ënnersträicht d’Stéphanie Thein.

D'Associatioun wëll sech dofir och fir besser Méiglechkeete fir d'Elteren asetzen, fir méi Zäit bei hirem Kand kënnen ze verbréngen. E konkrete Wonsch wier et, Zëmmeren zur Verfügung ze stellen, zum Beispill an der Klinik oder an der Géigend. Esou kéinten och Elteren, déi méi wäit ewech wunnen, méi no bei hirem Kand sinn.

Congé de maternité an Austausch tëscht den Elteren

En anert Thema ass de Congé de maternité. Zu Lëtzebuerg ass dësen op 20 Woche begrenzt. Bei enger virzäiteger Gebuert géingen déi net genotzte Wochen, déi virum geplangten Termin ugefall wieren, un de Congé no der Gebuert ugehaangen, erklärt d’Presidentin vun der Associatioun. Bei engem laangen Openthalt an der Neonatologie kéint de Congé also eriwwer sinn, éier d'Kand doheem wier. D'Associatioun wëll dofir eng Diskussioun iwwer méi passend Reegele fir betraffe Familljen ureegen.

Am Mëttelpunkt vun der neier ASBL steet awer den Austausch tëscht den Elteren. Fir een, deen eng virzäiteg Gebuert erlieft hätt, kéint et schwéier sinn, mat aneren iwwert dës Erfarung ze schwätzen. “Ech mengen, wann een eng spezifesch Plaz dofir hätt, oder e spezifesche Kader, da géif sech éischter trauen, fir sech einfach matzedeelen”, mengt och d’Gabi Lucas.

D'Begleedung duerch d’Associatioun soll awer net ophalen, wann d'Kand aus dem Spidol entlooss ass. Well och doheem kéinte Suerge bleiwen. Verschidden Eltere géingen aus Angscht virun Infektiounen op Aktivitéiten oder Kontakter verzichten, déi fir aner jonk Famillje selbstverständlech sinn, erklärt d’Stéphanie Thein. D'Associatioun wëll dofir och d'Ëffentlechkeet méi fir d'Besoine vun dëse Kanner sensibiliséieren.

Net just fir Fréigebuerten

D'Associatioun riicht sech awer net nëmmen u Famillje vu virzäiteg gebuerene Kanner. Och Eltere vun Neigebuerenen, déi zum geplangten Datum op d'Welt komm sinn, awer schwéier krank sinn, oder vun eelere Kanner, déi op enger Intensivstatioun behandelt musse ginn, sollen hei Ënnerstëtzung fannen. D'Zil ass et, dëse Familljen ze weisen, datt si mat hirer Situatioun net eleng sinn an datt et aner Eltere gëtt, déi en änleche Wee schonn hannert sech hunn.

Weider Informatioune sinn op www.soukleng.lu ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO