CGDISZwee Blesséierter um Sonndeg Owend

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass et no 18 Auer zu zwee Accidenter komm mat jeeweils engem Blesséierten.
© Laurent Weber

Géint 18 Auer sinn um CR170 tëscht Schëffleng an Esch-Lalleng zwee Autoen uneneegeroden, dobäi ass eng Persoun verwonnt ginn. Rettungsekippe vun Esch-Uelzecht waren am Asaz.

Kuerz drop, um 18:18 Auer, huet et dunn nach eng Kéier geknuppt. Zu Leideleng an der Rue de Bettembourg ass eng Persoun bei enger Kollisioun blesséiert ginn. Hei sinn d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech souwéi eng Ambulanz vu Beetebuerg op d'Plaz gefuer.

Back to Top
CIM LOGO