Op der KockelscheierEng oppe Schwämm fir d'Stad Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
An der Stad Lëtzebuerg ginn et jo sou munch Fräizäitaktivitéiten, ma wat den Ament awer nach feelt, ass eng oppe Schwämm.
Eng oppe Schwämm fir d'Stad Lëtzebuerg
An der Stad Lëtzebuerg ginn et jo sou munch Fräizäitaktivitéiten, ma wat den Ament awer nach feelt, ass eng oppe Schwämm.

D’Nofro ass do, d’Populatioun an der Stad wiisst an déi bestoend Schwämmen an der Stad si gutt besicht. Zënter Jore ginn et och Pläng, fir eng Schwämm op der Kockelscheier nieft dem Camping ze bauen. Pläng, déi deemnächst kéinte Realitéit ginn. D’Iddi ass et, ee Site ze amenagéieren, wou Fräizäitaktivitéiten ugebuede ginn.

Eng oppe Schwämm an der Stad / Sabrina Backes

Eng Schwämm an der Stad géing scho laang um Programm stoen, virun allem well et scho fréier eng ginn ass, déi ganz gutt ukomm ass, sou d’DP-Schäffe Simone Beissel.

“Dat war ee groussen Highlight, do hu mer eis getraff, wéi mer jonk waren. Dat war op der Cloche d’Or an da, wéi gesot, privat zu Dummeldeng an engem groussen Hotel an dofir hu mer lo scho ganz laang um Programm, fir eng grouss Schwämm ze maachen. An ech dreemen dovunner, well mir hunn u sech an de bestoende Schwämme kee 50er Bassin. Ech dreemen dovunner, mä dat hänkt dovunner of, wéi vill Terrain mer lo kréien, fir ee 50er ze maachen.”

D’Schwämm op der Kockelscheier soll deementspriechend och erëm een Treffpunkt fir Grouss a Kleng ginn. Den Ament géinge sech d’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg berode loossen a sech international ëmkucken, wéi den zukünftege Projet da kéint ausgesinn. Der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer no géif d’Envergure vum Projet vun der Gréisst vum Terrain, op deem dëse realiséiert kéint ginn, ofhänken.

“Et soll wierklech eppes sinn, wou ee ka seng Fräizäit verbréngen. Et ass lo näischt héich Sportleches, mee wou ee wierklech ka seng Fräizäit mat de Kanner, mat de Jugendleche flott ka verbréngen, natierlech hänkt et dann e bësse vun der Gréisst vum Terrain of, wat ee méi Terrain huet, wat ee sech et méi grouss ka virstellen.”

Duerch d’Lag op der Kockelscheier mam Camping an ënner anerem dem Minigolf an dem Tennis ronderëm, kéint een e ganze Site mat verschiddene Fräizäitaktivitéiten opbauen. Iwwerdeems wier d’Schwämm och gutt erreechbar.

“Dat hei wier da ganz no beim Tram an och bei deem Opfangparking, dee mer jo do bauen, et wier also ideal. An natierlech och nieft deene Weieren op der Kockelscheier, dat wier eng ideal Plaz, wierklech. Mir wëllen dat maachen a mir wäerten dat och maachen.”

Wéini d’Aarbechte kéinten ufänke respektiv de Projet kéint ofgeschloss gi wier awer nach onkloer. Dëst wier well et den Ament nach un e puer Terraine feele géing. Ënnerhalb vun e puer Méint kéint sech déi Saach awer klären.

Back to Top
CIM LOGO