PoliceEng Partie Abréch e Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Kiem um Neiduerf-Weimeschhaff gouf e Sonndeg géint 19.00 Auer an en Eefamilljenhaus agebrach an dat iwwerdeems d'Proprietärin doheem war.
© RTL Archiv

Den Onéierlechen huet sech duerch eng Fënster Zougang zum Gebai verschaaft. D'Gitter vun der Fënster gouf dobäi mat Gewalt aus der Verankerung gerappt. D'Bewunnerin war um Schlofen, wéi den Déif d'Raim duerchsicht huet an eng Rëtsch Géigestänn matgoe gelooss huet.

E weideren Abroch gouf der Police zu Hollerech an der Rue de la Vallée gemellt. Och hei huet sech en Onbekannten Zougang duerch eng Fënster verschaaft. Wéi et vun der Police heescht, gouf näischt geklaut, d'Zëmmer goufen awer duerchsicht.

Tëscht 14.00 an 18.30 Auer ass eng Persoun zu Gasperech an der Rue Louis de Froment agebrach. Et goufen eng Partie Wäertgéigestänn geklaut.

An deenen dräi Fäll gouf eng Enquête ageleet.

Back to Top
CIM LOGO