
Iwwerdeems war géint 3.00 Auer e Sonndeg de Moien e Mann an der Rives de Clausen an der Stad iwwerfall ginn. 5 Täter haten hien hei ëmstallt an him den Handy ofgeholl. No der Dot ware si geflücht.
Ausserdeem huet d’Police 4 Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. Dat war zweemol an der Stad e jeeweils eng Kéier zu Schëffleng an zu Nidderkuer de Fall.