112Eng Partie Accidenter am Stroosseverkéier mat Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
D'Nout- a Rettungsdéngschter waren e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg vill am Asaz.
© RTL Archiv

Tëschent Péiteng a Käerjeng waren e Moto an en Auto anenee gerannt, géint Véierel op 6 gëschter Owend. Kuerz no 7 ass e Motocyclist zu Wickreng gefall.

Tëschent Buerschent an der Buerschter Millen ass e Chauffer mat sengem Auto an e Bam gerannt kuerz no hallwer 3 hënt. D’Persoun huet missen aus hirem Auto erausgeschnidde ginn an op der Plaz vun engem Noutdokter versuergt ginn.

Kuerz virun hallwer 5 de Moie fréi huet zu Monnerech no engem Accident mat 2 Autoen eent vun de Gefierer ugefaange mat brennen. An Tëschent Réiden a Biekerech ass kuerz viru 5 eng weider Persoun an e Bam gerannt.

Zu Esch hunn d’Pompjeeë géint 3 Auer eng Walaffiche misse läschen déi gebrannt huet, hei ass kengem eppes geschitt.

Um kuerz no hallwer 11 ass zu Ierpeldeng eng Persoun mat hirem Moto gefall. De Fuerer gouf heibäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO