CGDISEng Partie Accidenter op de Stroossen an e Feier zu Nidderdonwen

RTL Lëtzebuerg
Och um Dënschdeg den Owend an um Mëttwoch waren d'Ekippe vum CGDIS nees am Asaz.
© Domingos Oliveira

Am Lokale mellt de CGDIS en Accident um Mëttwoch de Moie géint 4:20 Auer an der Rëmelenger Strooss zu Téiteng. Hei war en Automobilist an e geparkt Gefier gerannt a gouf blesséiert. Well en Alkoholtest positiv ausgefall war, misst hie säi Fürerschäin ofginn.

Um CR162 tëschent Haassel an Alzeng koum et en Dënschdegnomëtten zu engem Accident mat engem Schwéierblesséierten. En Autoschauffer huet hei d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, nodeems en eng Rei Autoen iwwerholl hat. En ass an de Géigeverkéier geroden, konnt awer nach engem aneren Auto auswäichen, ier en nach puer Meter duerch de Gruef gefuer an an e Bam geknuppt ass. Wärend de Chauffer an e weidere Matfuerer onverletzt bliwwe sinn, koum de Bäifuerer mat uerge Blessuren an d’Spidol.

Um Sennengerbierg ass de Policebeamten en Auto op enger Tankstell opgefall, well deem säi Motor Kaméidi gemaach huet. Bei enger Alkoholkontroll gouf festgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Hie krut säi Permis agezunn, d’Gefier gouf immobiliséiert.

Zu Nidderdonwen gouf et um Dënschdeg den Owend dann e Brand vun engem Kamäin. D’Pompjeeë vu Fluessweiler a Maacher-Mäertert haten dat awer séier ënner Kontroll.

Um 13.25 Auer e Mëttwoch de Mëtte war eng Persoun bei der Stater Gare vun engem Bus ugestouss ginn. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op d’Plaz gefuer, ma d’Persoun war net blesséiert ginn.

Géint 13.30 Auer war op der N8 tëscht Bruch a Reckeng en Auto an e Bam gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Béiwen a vun Tënte waren op der Plaz.

Ëm 16.15 Auer hate sech um CR309 tëscht Fléiber an dem Hareler Poteau en Auto an e Moto ze pake kritt. De Rettungsdéngscht vu Bauschelt hat sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO