
Zu Stengefort sinn an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.
Zu Dikrech op der Esplanade ass géint hallwer 12 e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert.
Kuerz virun Hallefnuecht ass zu Esch um Boulevard Kennedy eng Persoun ugestouss an dobäi blesséiert ginn.
Kuerz no hallwer 3 de Moien ass zu Suessem an der Nidderkuerer Strooss en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten.
An eng Persoun gouf verwonnt, wéi kuerz virun 3 Auer op der Streck tëscht Wolz an Draufelt en Auto op d’Kopp gaangen ass.
An der Mëttesstonn goufen zwou Persoune blesséiert, wéi sech tëscht Sëll a Schweebech zwee Ween ze pake kruten. A kuerz no 16 Auer gouf eng Persoun tëscht Maarnech a Fëschbech verwonnt, wéi en Auto an e Motorrad net laanschtenee koumen.