
Op Uerder vum Parquet haten d'Beamten dräi generell Alkoholkontrollen an der Nuecht op e Samschdeg tëscht 23 an 3 Auer duerchgefouert. Zu Ettelbréck an der Rue des Alliés, zu Miedernach op der National 14 an zu Dikrech op der National 7 hunn d'Chauffeure misse blosen. Am Ganze goufen 422 Automobilisten kontrolléiert. A 17 Fäll war den Test positiv. 3 Chaufferen hunn hire Führerschäin ofgeholl kritt.
Zu Ettelbréck wollt iwwerdeems eng Automobilistin net kontrolléiert ginn, huet d'Kéier gemaach an ass a Richtung Schieren gefuer. Op engem Parking vun engem Restaurant huet d'Police den Auto gesinn. D'Fra stoung ënnert dem Afloss vun Alkohol an hat iwwerdeems kee Permis. D'Fra krut e Fuerverbuet a gouf protokolléiert.
Zu Capellen dann hat eng Patrull e Chauffeur ugehalen, dee geféierlech ënnerwee war, wéi et e Samschdeg am Bulletin vun der Police steet. De Mann um Steier hat ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl. Iwwerdeems hat den Auto kee valabele Contrôle technique a gouf deemno immobiliséiert.
Ähnlech Tëschefäll gouf et e Samschdeg de Moie fréi nach zu Esch an op der Stater Gare. 2 Mol gouf et hei e provisorescht Fuerverbuet.