
Dëse gouf kuerz drop vun enger Patrull kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Ongeféier zur nämmlechter Zäit war en Automobilist tëscht Ueschdref a Bauschelt mat sengem Gefier ëmmer nees op d’Géigespuer geroden. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.
Kuerz no 22 Auer war enger Patrull vun der Police dann zu Hollerech e Chauffer opgefall, deen direkt duerch e puer Rout Luuchte gefuer war. Bei der Kontroll hat de Mann Schwieregkeeten, fir den Instruktioune vun de Beamten nozekommen. Den Alkoholtest huet e positiivt Resultat ugewisen an de Mann krut de Permis ofgeholl.
Kuerz no 23 Auer war dann e Fuerer mat engem staark beschiedegte Gefier an der Route de Stadtbredimus zu Réimech ënnerwee. Hei hat sech erausgestallt, dass dëst virdrun an e Chantier gerannt war.
Géint Mëtternuecht war dann e Chauffer tëscht Rëmeleng an Esch opgefall, dee säi Gefier net méi ënner Kontroll hat.