
Zu Lëntgen huet eng onbekannte Fra an der Rue Kreuzert eng Persoun beklaut, andeems si virginn huet, d’Affer ze kennen an an ee Gespréich ze verwéckelen. D’Täterin huet de Mann dobäi e puer Mol ugepaakt, dono huet dëse gemierkt, dass seng Auer um Handgelenk géing feelen. Ermëttlunge goufe lancéiert.
D’Police mécht nach emol op hirem Site op hir Rotschléi bei Bedruchsmaschen opmierksam
Géint 15.25 Auer koum et zu engem Iwwerfall an engem Zuch tëscht Dikrech an Ettelbréck. Dobäi huet den Täter d’Affer menacéiert an d’Kopfhörer geklaut. Och hei lafen Ermëttlungen.