
Wéi d’Police matdeelt hat, war eng Spuer am Beräich vun der Kräizung mat der Rue de Neudorf blockéiert. Et goung schlecht laanscht.
De CGDIS mellt an hirem Bulletin nach en Accident en Donneschdeg géint 2.30 Auer an der Nuecht. Op der Nationalstrooss tëscht Wallenduerfer Bréck a Reisduerf war en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeën aus der Fiels a vu Reisduerf, grad ewéi d’Ambulanz aus der Fiels an de SAMU Ettelbréck.
Weiderhin hate sech géint 15.40 Auer zu Reckeng an der Rue des 3 Cantons 2 Autoen ze pake kritt, De Rettungsdéngscht vu Monnerech an d’Ambulanz vun Esch hate sech hei em eng blesséiert Persoun gekëmmert.