
Den Accident war an der Brëttelle, fir op d’Tréierer Autobunn eriwwer ze fueren, geschitt. Wéi den 112 matdeelt, gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad a vum Réiserbann waren op der Plaz.
Kuerz no 13.00 Auer hate sech an der Route de Mamer zu Stroossen en Auto an e Bus ze pake kritt. Och hei gouf et ee Blesséierten. De Rettungsdéngscht vu Mamer war op der Plaz.
Kuerz viru 16.00 Auer goufen et 2 Blesséierter, wéi op der A1 an Direktioun Stad, tëscht den Tunnel Houwald an dem Irgäertchen 2 Autoen anenee gerannt waren. D’Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper waren hei an den Asaz geruff ginn.
Géint 16.20 Auer war zu Esch-Uelzecht an der Rue d’Audun e Motocyclist gefall. Hei war de Rettungsdéngscht vun Esch op der Plaz.
Ëm 16.40 Auer war dunn de Samu am Asaz, ewéi an der Rue de la Moselle zu Bech-Maacher e Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf.