Tëscht Waasserbëlleg an der StadEng Persoun bei grouss ugeluechter Drogekontroll festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war tëscht 14 a 16 Auer eng grouss ugeluechten Drogekontroll an den Zich tëscht Waasserbëlleg, der Stad a Sandweiler.

Dobäi gouf eng Persoun festgeholl, déi 215 Gramm Haschisch an eng gréisser Zomm Boergeld bei sech hat. E weidere Passagéier gouf protokolléiert. dëst well och dësen Haschisch bei sech hat.

Am Ganze ware bei der Kontroll 18 Beamten an e Police-Hond am Asaz, donieft waren och 2 Beamte vun der Douane an en Hond mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO