Aus dem CGDIS-BulletinEng Persoun blesséiert no Kollisioun an der Stad

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt um Donneschdegmoien een Accident, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass.

Zwee Autoe sinn en Donneschdeg de Moie kuerz no 9 Auer op der Place François-Joseph Dargent an der Stad kollidéiert. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert; d’Sekuristen aus der Stad waren am Asaz.

Bei enger Tankstell um Fridhaff huet da kuerz virun 10 Auer en Auto gebrannt, allerdéngs gouf hei kee blesséiert. D’Pompjeeën aus der Nordstad a vun Angelduerf waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO