Aktuell si 45 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.573 aktiv Infektiounen. 67.162 Persoune gëllen als geheelt.
An de leschte 24 Stonne goufen 2.739 Leit eng éischte Kéier an 2.831 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 309.633 Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.