Police sicht no ZeienEng Persoun gouf duerch e Messer zu Monnerech liicht verwonnt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 3.40 Auer koum et zu Monnerech an der Escher Strooss zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen.

Eng Persoun gouf dobäi mat engem Messer um Uewerschenkel blesséiert. D’Täter konnte vun der Police ermëttelt ginn.

Eventuell Zeie vun der Dot oder och vun der Verhaftung vun de presuméierten Täter solle sech beim der Police aus der Stad um Telefon +352 244 40 1000 respektiv per Mail op police.luxembourg@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO