
Op Uerder vum Parquet sicht d’Police no Zeien no enger kierperlecher Ausernanersetzung e Freideg den Owend géint 22.50 Auer beim Sprangbuer am Stater Park. Dobäi gouf eng Persoun schwéier blesséiert. Den Oflaf vun deem Incident ass net bekannt. Dofir sicht d’Police aus der Stad no Indicen iwwer d’Dot an d’Protagonisten dovun.
All d’Informatioune si fir d’Police aus der Stad um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.
Da mellt d’Police nach, datt an der Nuecht op e Samschdeg zu Esch en E-Scooter geklaut gouf, dat ongeféier géint Mëtternuecht an der Avenue de la Gare. Éischten Ermëttlungen no hat e Mann de Scooter, dee virun engem Café stoung, matgeholl. E Polizist, deen duerch Zoufall an der Géigend war, war dem Mann nogelaf an hat Verstäerkung ugefuerdert. Den Déif konnt gestoppt ginn an hien huet Zouginn, de Scooter geklaut ze hunn. Wéi bei de weideren Ermëttlungen erauskoum, louch géint de Mann en Haftbefeel vir, esou datt hien an de Prisong bruecht gouf.