CGDISEng Persoun vu Bus zu Réiden op der Atert ugestouss an e Brand zu Réimech

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Brand zu Réimech waren d'Pompjeeën aus 4 Asazzentere geruff ginn, grad ewéi 2 Ambulanzen an de Stater Samu.
© RTL-Archiv

Zu Réiden op der Atert ass e Samschdeg géint 17.40 Auer eng Persoun vun engem Bus ugestouss ginn. Den Accident war an der Haaptstrooss. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Réiden goufen op d’Plaz geruff.

Géint 22.15 Auer huet et zu Réimech an enger Kummer an engem Gebai an der Rue St. Nicolas gebrannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Nieft dem Stater Samu waren och Ambulanze vu Réimech a Beetebuerg am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Réimech, Schengen, Duelem a Munneref.

E Sonndeg de Moie géint 8.20 Auer gouf et e Brand zu Esch an der rue du X septembre. D’Pompjeeë vu Keel waren op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.

Kuerz no 10 Auer ass zu Chrëschtnech an der Mëllerdallerstrooss en Auto op der Kopp gelant. Et blouf beim Materialschued. D’Ambulanz aus der Fiels an d’Pompjeeë Waldbëlleg waren am Asaz.

Op de Lëtzebuerger Stroosse goufen e Sonndeg am spéide Moien an an der Mëttesstonn 5 Leit bei 3 Autosaccidenter blesséiert, mellt den 112. Um Briddel huet kuerz virun 11 en Automobilist eng Stroosseluucht ëmgerannt an huet misse vum Samusdokter aus der Stad op der Plaz versuergt ginn.

Géint 12 Auer sinn zu Rëmeleng 2 Autoen aneneegerannt, 2 Persoune goufe blesséiert.

An tëschent Diddeleng a Beetebuerg ass kuerz virun 1 Auer en Auto an e Rond-point gerannt, och goufen et 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO