
Wéi d’Police mellt, gouf hei eng Persoun vun engem Zuch erfaasst a schwéier blesséiert. Si gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt a koum duerno an d’Spidol.
Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire op der Plaz.