Garer QuartierEng Persoun vun zwee Täter attackéiert a bluddeg geschloen

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.30 Auer e Samschdeg gouf d'Police wéinst enger Kläpperei virun engem Lokal am Garer Quartier geruff.

Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, huet eng Persoun staark am Gesiicht geblutt. Dës huet ausgesot, si wier vun zwee Leit ugegraff ginn, déi sech dervu gemaach hätten.

D’Affer koum mat der Ambulanz an d’Spidol an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Déifstall a Buttek op der Gare

Kuerz no 18 Auer gouf der Police en Déifstall am Garer Quartier gemellt. Eng Persoun hat an engem Geschäft probéiert, Objeten am Wäert vu ronn 600 Euro ze klauen. D’Mataarbechter konnten den Déif awer dovun ofhalen de Buttek ze verloossen an hunn hie festgehale bis d’Police koum.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hat e Samschdeg Rendez-vous mam Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO