Gréisser PolicekontrollEng Persoun wéinst Drogeverkaf am Garer Quartier festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, gouf et en Dënschdeg den Owend eng grouss ugeluechte Kontroll am Garer Quartier an der Stad.
© Police Archivbild

Eng Persoun, déi am dréngende Verdacht stoung, am Drogenhandel aktiv ze sinn, gouf dobäi ermëttelt. Bei enger Perquisitioun konnten dunn och 300 Gramm Haschisch sécher gestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO