4 Joer laang ass um Dossier geschafft ginn. Am September d'lescht Joer gouf en agereecht. Bei der Unesco ass den Dossier mat groussem Interêt ënnert d'Lupp geholl ginn.
Eng Biosphär ass u sech eng Zon, an där en harmonescht Zesummeliewen tëscht Mënsch an Natur studéiert gëtt. Dëst geschitt op 3 Niveauen. Sou zum Beispill am Beräich vum Erhale vun der Biodiversitéit a Liewensraim.
De Label "Minett Unesco Biosphere" gëtt den 11 Südgemengen, déi zu PRO-SUD gehéieren, eng nei Identitéit. Et ass eng "Plus-value" fir déi ganz Regioun.
National Naturreservater, Natura 2000 Gebidder awer och staark urbaniséiert an industrialiséiert Gebidder leien am Minett no beieneen. Op dës Manéier entwéckelt sech aktuell d'Welt. Eng ganz Partie Critèren hunn missen erfëllt ginn, fir dëse Label iwwerhaapt ze kréien. Am Kader vun dësem Label sollen dann och eng Panoplie u Projeten op d'Bee gestallt ginn. Dozou gehéiert lokal Produiten ze vermaarten oder ënnert anerem Biodiversitéitsdeeg z'organiseieren.
Duerch den Titel "Unesco Biosphere" ass de Minett automatesch Member vum weltwäite Reseau, zu deem 714 Sitten aus 129 verschiddene Länner zielen.