Nom Äerdbiewen an der tierkesch-syrescher GrenzregiounEng privat Initiativ vu Membere vun der syrescher Communautéit wëll hëllefen

RTL Lëtzebuerg
Eng ronn 5.800 Leit sinn a Syrien duerch d'Äerdbiewen ëm d'Liewe komm. Et gëtt geschat, dass 5,3 Millioune Mënschen keen Dag méi iwwert dem Kapp hunn.
Eng privat Initiativ aus Lëtzebuerg wëll nom Äerdbiewen a Syrien hëllefen
Zanter enger gudder Woch sammelt d’Initiativ Donen. Ma fir déi a Syrien ze kréien ass schwéier. Dat virun allem well d’Grenzen net konstant op bleiwen.

11 Deeg nom Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien ass déi international Solidaritéit nach ëmmer grouss. Wärend d’Hëllef an der Tierkei relativ séier ugelaf ass, war dat fir d’Nopeschland Syrie méi komplizéiert. Eng gutt Woch hat et gedauert, éier weider Grenziwwergäng vun der Tierkei eriwwer opgemaach goufe fir Hëllefsgidder passéieren ze loossen, ma fir d’Leit am Land geet et net séier genuch virun. Besuergt ass een zemools ëm den Nordweste vum Land. Dee war mat am schlëmmste betraff, gëtt awer net vum Assad-Regimm, mä vu Rebelle regéiert. D’Situatioun an den Accès op Hëllef ass deemno besonnesch schwiereg, well et ëmmer nees zu Spannunge kënnt. Eréischt e Freideg soll et trotz den Nowéie vum Biewen nees zu Ausernanersetzungen tëscht de Rebellen an dem Regimm komm sinn, dat zu Atareb, zu Saraqeb an an der Provënz Hama. Déi Donnéeë konnten allerdéngs bis ewell net onofhängeg iwwerpréift ginn.

Déi international Hëllef leeft iwwerdeems esou lues un, dat trotz Sanktioune géint den Assad-Regimmm. De syresche President hat iwwerdeems en Donneschdeg a senger éischter Tëleesusprooch zanter dem Biewen duerchblécke gelooss, dass d’Auswierkunge vum Biewe wäit iwwer disponibel Ressourcen erausgoe kéint.

Zu Lëtzebuerg hu sech d’Membere vun der syrescher Communautéit iwwerdeems zesumme gedoen, fir mat enger privater Initiativ ze hëllefen. Zanter enger gudder Woch sammele si Donen. Ma fir déi a Syrien ze kréien ass schwéier, erzielt den
Anas Jarour, Member vun der syrescher Communautéit:

“D’Grenze si scho laang zou. Heiansdo maache si se op an dann nees zou. D’Camione kënnen net ëmmer eran. Dat ass e Problem fir den Transport vu Saache vun iwwerall, vun Europa, och vu Lëtzebuerg, mir géife gär alles schécken, fir de Leit ze hëllefe, well si brauche wierklech alles”

Mëttlerweil stéisst d’Communautéit dowéinst un hir Grenzen, materiell Donen, wéi zum Beispill Kleeder an Iessen, géifen net méi gebraucht. Et wéilt ee sech mat unerkannten Organisatiounen zesummendoen a Sue sammelen.

D’Caritas réit dann och, en Don op déi offiziell Adressen ze maachen. Dovu kéint een alles wat gebraucht gëtt direkt op der Plaz kafen.

Back to Top
CIM LOGO