PoliceEng Rei Verkéiersaccident ënner Alkoholafloss

RTL Lëtzebuerg
Zu Dikrech huet e Freideg am Nomëtten en Taxi eng Vollbremsung gemaach, eng Camionnette an e Motorrad sinn hannendrop gerannt.

De Motocyclist koum blesséiert an d’Spidol. Den Taxichauffer hätt ënner liichtem Alkoholafloss gestanen.

Zu Déifferdeng hat am spéiden Nomëtteg e Freideg eng Fra d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass an 2 geparkten Autoe gerannt. Béid Autoen hate sou vill Schued, datt een net méi domat fuere konnt. D’Fra hat dräimol sou vill Alkohol am Blutt wéi erlaabt an huet de Führerschäin ofgeholl kritt.

E Freideg den Owend dann ass zu Déifferdeng e Motocyclist gefall a blesséiert ginn, nodeems en ze vill gedronk huet.

Ouni Permis, dofir awer mat Alkohol an Drogen am Blutt, war eng Fra e Freideg den Owend zu Diddeleng ënnerwee an ass an e geparkten Auto gerannt.

Zu Dippech ass an der Nuecht op e Samschdeg en Automobilist vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Och hien hat ze vill gedronk, de Führerschäin war fort.

Tëschent Bruch a Recken huet sech de Samschdeg de Moie fréi e Chauffer mat sengem Won iwwerschloen. Den Auto war Schrott, de Mann liicht blesséiert. Well de Mann ze vill gedronk hat, krut e säi Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO