
De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Freideg matgedeelt, datt wärend dem “Autofestival” tëscht dem 23. Januar an dem 3. Februar Kontrolle bei 26 Distributeure vun 30 Marke duerchgefouert goufen. Dobäi wier eng Rëtsch un Infraktioune festgestallt ginn. Am heefegste waren dat:
D’Net-Affichéiere vun der Autorisation d’établissement, Tariffer vun der Main d’oeuvre goufen ouni TVA affichéiert, am Showroom waren aner Präisser ewéi um Internetsite, Präisser vun Accessoire wéi Pneuen oder Ueleg waren net affichéiert. E puer Mol wier och notéiert ginn, datt een TVA-Taux vu 17 amplaz vu 16 Prozent applizéiert gouf.
De Ministère ënnersträicht awer, datt d’Majoritéit vun de Händler konform waren. Bei 6 vun de 26 Vendeure wäerten d’Beamte vum Konsumenteschutzministère an d’Police awer nach eng Kéier Kontrollen duerchféieren.