De Réckhaltebecken huet e Volume vu 6.400m3 a sammelt bei staarkem Reen een Drëttel vum Reewaasser, dat um Kierchbierg an d’Kanalisatioun leeft. De Basseng suergt duerfir, datt manner Waasser op ee Coup am Pafendall an d’Uelzecht fléisst.
De Bassin de retention läit tëscht der Rouder Bréck an der Place de l’Europe. De Basseng läit déif am Buedem, 25 Meter ënnert der Avenue John F. Kennedy. Ugangs 2021 ass de Réckhaltebecken a Betrib geholl ginn. D’Reewaasser, dat am europäesche Quartier bis erop bei d’Europaschoul gesammelt gëtt, leeft hei derduerch.
Fir datt net ze vill Waasser bannent kuerzer Zäit erof an de Pafendall an d’Uelzecht leeft, suergt en einfache Mechanismus. De Réckhaltebecken huet eng Fläch vu 50 op 25 Meter an domadder zimmlech genee d’Moosse vum Groussen Olympesche Basseng an der Coque. Mat senge 7 Meter ass de Bassin de retention awer gutt 3 Mol esou déif wéi d’Piscine.
De Bassin de retention gouf vum Fonds de Kirchberg an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gebaut. An Zukunft ass d’Ekipp vun der Kläranlag Beggen responsabel fir d’Gestioun.