
Géint 1.45 Auer an der besoter Nuecht war e jonke Mann schwéier blesséiert um Parking vun engem Etablissement um Biergerkräiz (Briddel) getraff ginn. Op deem Sonndeg gouf do den Evenement “Adjoa Summer Closing” organiséiert, bei deem och de Mann mat e puer Bekannten dobäi war. Wéi et heescht, hätte seng Kolleegen hie vun 22.30 Auer un net méi gesinn, bis hie schro verwonnt um Parking entdeckt ginn ass.
Fir de Virfall kënnen opzeklären, sicht d’Police elo no Zeien, déi an der Nuecht vum 25. op de 26. September am Etablissement zu Koplescht waren, respektiv sech do op der Terrass opgehalen hunn. Sämtlech Informatioune si fir d’Police vu Capellen op der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.