
Wéi d’Asti an engem oppene Bréif un de Formateur Luc Frieden matdeelt, hätt dat engersäits verhënnert, dass d’Lëtzebuerger Gesellschaft wéinst dëse Froen ausenee gerappt gëtt. Déi negativ Suite dovu wier allerdéngs, dass dës Froen net zu engem Sujet gi wieren, déi déi ganz Gesellschaft betreffen.
Allerdéngs wieren d’Erausfuerderungen, déi mat dësem Thema zesummeginn, gesellschaftlech wichteg. E groussen Deel vun de Lëtzebuerger Residenten hätt nämlech e Migratiounshannergrond.
An deem Zesummenhang bedauert d’Asti, dass ënnert de Gruppen aus der Zivilgesellschaft, déi am Kader vun de Koalitiounsgespréicher gehéiert goufen, keng Acteuren aus dem Beräich vun der Immigratioun an Integratioun, wéi zum Beispill de Flüchtlingsrot oder de CLAE waren.
D’Asti formuléiert hirersäits eng Rei Punkten, déi hirer Meenung no, Deel vum nächste Regierungsprogramm misste sinn: