
D’Affär geet zréck op Recherchë vum Radio 100,7. Am Juni 2015 hat dee gemellt, datt et e Verdacht géif gi vu Geldwäsch. Zwou Milliounen Euro wiere vum Formel-1-Team Lotus un d’Escher Fola transferéiert ginn. An dono weider un eng Gesellschaft op Hongkong vum Eric Lux.
Membere vun der Futtballfederatioun haten dat deemools beim Parquet denoncéiert.
De Gérard Lopez weist d’Infraktiounen, déi ëm virgeworf ginn, vu sech, schreift d’Land. Béid Männer gëllen den Ament och als onschëlleg.
Et wär e schwaarzt Joer fir de Gérard Lopez, sou d’Zeitung. Seng Investitiounen am Sportsberäich wären aktuell net ouni Problemer an e misst sech och Froe gefale loosse wéinst Relatioune mat Russland.