Den Ament feelen an der Grondschoul ëm déi 9 % vun den Enseignanten, 8 % an de Lycéeën. Cours d’appuien a Classes d’accueilen missten zum Deel ewechfalen. Korrekt Schoulhale wier schwiereg. Och d’Reegelen, déi dacks änneren, géife fir grouss Onsécherheet suergen. D’Gewerkschaftsvertrieder si sech awer eens, dass op Homeschooling zréckgräifen déi leschten Noutléisung wier.
An de Schoulen ginn nei Reegelen applizéiert, wann et zu positive Fäll an enger Klass kënnt. Eng generell Quarantän vu Kanner a Jonker, déi Kontakt mat engem positiv geteste Matschüler haten, soll et net méi ginn. Ganz esou einfach ass et dann awer net. Et ginn nämlech verschidde Krittären.
Scho beim éischte positive Fall an der Klass gëtt all Dag e Schnelltest gemaach. Fir net geimpfte Schülerinnen a Schüler ass dat obligatoresch, fir weider um Presenzunterrecht kënnen deelzehuelen.
Déi ënnerschiddlech Zenarioen, also ob een, zwee, a sou weider Fäll an enger Klass sinn, gi fir d’Statistik zwar nach erfaasst, mee spillen ebe keng Roll méi fir d’Quarantän. Op d’mannst bis et zu engem Zenario 4 kënnt. Schwätzt ee mat de Schüler a Schülerinnen, ass de Presenzunterrecht och fir si dat Wichtegst. Ma wat déi stänneg Ännerungen ugeet, géing een sou lues den Iwwerbléck verléieren.
Eng weider Ännerung ass dann och nach, dass de positive Schnelltest, deen an der Schoul gemaach gouf, net méi onbedéngt vun engem PCR-Test muss confirméiert ginn. Déi concernéiert Persoun muss awer direkt an Isolatioun.