OGBLErschwéiert Aarbechtsbedingungen zënter der Pandemie

Monique Kater
D'Gewerkschaft OGBL huet um 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, seng Ried am Zeeche vun der Pandemie gehalen.
Erschwéiert Aarbechtsbedingungen zënter der Pandemie
D'Gewerkschaft OGBL huet um 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, seng Ried am Zeeche vun der Pandemie gehalen.

Fir den OGBL huet et e Samschdeg bei senger 1. Mee-Feier "Back to the roots" - Zeréck zum Ursprong – geheescht. Well hir Feier an der Abtei Neimënster eng zweet Kéier an d’Waasser gefall ass, hu si fir d’éischte Kéier zanter 30 Joer e Cortège zu Esch organiséiert. D’Ried vun der Presidentin Nora Back stoung ganz am Zeechen vun den erschwéierten Aarbechtsbedingungen a Corona-Zäiten.

OGBL 1. Mee / Rpoertage Nadine Kremer

Den OGBL sot all deene Merci, déi an der Pandemie am Asaz vun der Allgemengheet stinn. D’Nora Back huet e Samschdeg rappelléiert, dass verschiddener, déi un éischter Front schaffen, net onbedéngt déi bescht Aarbechtskonditiounen hunn.
Déi mënschlech Dimensioun vun der Aarbecht muss erëm opgewäert ginn. D’Mënschen dierfen net méi just als Produktiounskäschten ugesi ginn, d'selwecht wéi eng Wuer oder eng Matière première. Aarbecht unerkennen a se gutt bezuelen, dat muss erëm an der Virdergrond geréckelt ginn.

Donieft huet d’Nora Back een Appell un d’Regierung gemaach, de Sozialdialog eescht ze huelen, fir de soziale Fridden net a Gefor geroden ze loossen. D’Erhuelung vun der Wirtschaft wier op en intakte Sozialstaat an op e finanziell gutt opgestallte Staat ugewisen. Déi Schaffend dierfen net fir d’Kris an de Wee eraus bezuelen.

Et muss méiglech sinn, d’Grondsteier massiv ze héijen. Net fir deen, dee just säin eegent Heem besëtzt. Mee virun allem fir deen, deen iwwert eng progressiv Grondsteier, dee 5, 10, 20, 50 oder nach méi Terrainen an Haiser besëtzt. Do mussen endlech eis Politiker de Courage hunn, fir Mesuren ze huelen, déi finanziell just e puer Leit belaaschten, deenen et net wéi deet.

De Schwéierpunkt misst op eng Politik vun der Demande gesat ginn, déi de Bannemaart géing stäerken. Dofir misst virun allem d‘Kafkraaft vun den ënneschten a mëttleren Akommesschichte gestäerkt ginn, sou d’OGBL-Presidentin. Si huet och eng Opwäertung vun de Sozialleeschtungen an den ëffentleche Sozialversécherunge gefuerdert, souwéi eng Erhéijung vum Mindestloun an der Mindestrent.

A mir musse kämpfen an dësen Zäite vun Onsécherheet, vun Zersplitterung an der Gesellschaft, vun Existenzängscht a virun der Ongewëssheet wéini a wéi komme mer hei eraus a wéi gesäit d’Welt vu muer aus. 

D’sanitär Kris hätt gewise wéi wichteg d’Gesondheetsversuergung fir d’Gesellschaft ass. D’Pandemie hätt d’Schwächte vum System gewisen an et wier wichteg, besonnesch d’Situatioun a Fleegeheemer ze verbesseren.

Mir wäerte kämpfe fir eisen ëffentlechen, qualitativen, universal zougängleche Gesondheetssystem. Nëmme wann d’Personal ënner gudden a sécheren Aarbechtsbedingunge ka schaffen, kënnen och eis eeler Matbierger gutt a sécher gefleegt ginn.

D’Presidentin vum OGBL sot och, datt Corona dacks een Virwand wier, fir Aarbechtsplazen ofzebauen, grad an der Industrie. D’Situatioun géing sech an déi falsch Richtung entwéckelen: D’Aarbechtskraaft misst op- an net ofgewäert ginn, esou nach d’Nora Back.


Hei de kompletten Text vun der Ried vun der OGBL-Presidentin Nora Back
.

Back to Top
CIM LOGO