
Fir d’FGFC steet et ausser Fro, dass d’Assimiléierung un de Staat erhale bleiwe muss a weider harmoniséiert misst ginn. Et dierft net sinn, dass de kommunale Secteur iwwer Méint, wann net Jore laang, hannert den neie Bestëmmungen an der Ëmsetzung vu Gehälteraccorden zréckbleift.
Si fuerderen de Syndicat d’Informatique et de Gestion Informatique dréngend op, e Plang fir eng modern an eenheetlech Informatiséierung fir alleguer d’Gemengen a kommunal Syndikater virzeleeën. D’FGFC erwaart sech, fir bis Enn des Joers e kloren Agenda presentéiert ze kréien.
D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal kritiséiert, dass an deene leschte fënnef Joer eng sëllege Reformen duerchgefouert goufen an d’Auswierkunge chaotesch wieren. Hir Personalbüroe wieren iwwerlaascht. An dësem Sënn setze si sech fir eng modern Verwaltung an a plädéieren op eng Entlaaschtung vun de Gemengen an de Syndikater. Dofir sollt fir eng Zentralverwaltung fir déi alldeeglech an eenheetlech Verwaltung vum Gemengepersonal gesuergt ginn.
Si ënnerstëtzen de kommunalen, ëffentlechen Transport a säi Personal. Eng Privatiséierung vum kommunale Syndikat TICE géinge si net akzeptéieren. Et wier inakzeptabel, dass nëmmen zéng Gemengen d’Käschte fir den Transport matdroen an déi aner 90 vum gratis Transport profitéieren.