"Mir si keen Dreck a kee Wouscht!"Escher Sozialpolitik: D'Awunner aus der Maison Schweitzer ginn an d'Offensiv

Monique Kater
Op der Nummer 31 an der Léon-Metz-Strooss zu Esch steet vun der Architektur hier en nawell intressant Gebai aus den Enn 60er.
D'Awunner aus der Maison Schweitzer ginn an d'Offensiv
Op der Nummer 31 an der Léon Metz Strooss zu Esch steet vun der Architektur hier en nawell intressant Gebai aus den Enn 60er.

Et gehéiert der Gemeng an ass eng sougenannt “Senioreresidenz”. 40 Leit hätten do an der Zäit gewunnt - elo sinn et der nach 12, an déi hunn d’Impressioun, wéi wann d’Gemeng léiwer hätt, se wieren net méi do. Dat soe si op alle Fall an d’RTL-Kamera.

D’Gemeng géif hiert Doheem net méi an der Riicht halen an zënter engem Joer géing elo och nach de Lift net méi funktionéieren - fir d’Awunner vun der Maison Schweitzer, eng reegelrecht Katastroph.

Sozialwunnengen am Iwwerbléck

• 351 Wunnengen am Ganzen
• 288 dovunner bewunnt, kuerzfristeg +5
• 13 Wunnengen gi graz frësch gemaach (Refectioun), Dauer vun den Aarbechte maximal 6 Méint. 45 sinn der a Renovatioun (grouss Aarbechten)
• 7 Behënnertewunnengen
• 6 accessibel Wunnengen, déi kënne behënnertegerecht amenagéiert ginn

Dëst sinn Informatioune vum Service vum développement social an der Coordination sociale vun Esch.

PDF: Fro un de Schäfferot vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO