Consultativ MënscherechtskommissiounEt ass ee weiderhi kritesch géintiwwer de Covid-Gesetzer

RTL Lëtzebuerg
Dat och an hirem neisten Avis. Notamment, wéi laang perséinlech Donnéeë vun Infizéierte stockéiert ginn.

D'CCDH versteet, datt déi Period am Kader vun de Corona-Reglementer verlängert gouf. D'Kommissioun vermësst awer Explikatiounen zur Necessitéit an zur Proportionalitéit.

Allgemeng, sou d'consultativ Mënscherechtskommissioun an engem Communiqué de Méindeg de Moien, géife verschidden Dispositiounen an de Covid-Gesetzer nach ëmmer géint Mënscherechter verstoussen. An zukünftegen Texter misst deem Rechnung gedroen ginn.

PDF: Den Avis vun der consultativer Mënschrechtskommissioun

Back to Top
CIM LOGO