No der Eskalatioun tëscht den USA an Israel op der enger an dem Iran op der anerer Säit huet de Luc Frieden kloer Wierder fonnt. ”Et ass eng ganz grav Situatioun“, esou de Premier, mat Repercussioun op eng ganz Regioun, déi direkt niewent Europa läit.
“Den Iran ass zanter Joren den Haaptsponsor vun enger ganzer Rei vun terroristeschen Organisatiounen“, esou de Luc Frieden. D’Hamas an d’Hezbollah sinn do nëmmen zwee Beispiller.
Mat de rezenten Attacke géif sech d’Lag an der Regioun nach weider verschäerfen: “Do gesäit een och hei, datt den Iran elo Rakéiten ofgeschoss huet op d’Golfstaaten.”
Dat kéint dozou féieren, datt Länner wéi Saudi-Arabien a weider Golfstaate méi zesummeréckelen: “D’Stabilitéit an der Regioun ass a Gefor, d’Sécherheet ass a Gefor an dat wäert och Repercussiounen op déi gréisser Regioun hunn.“
De Luc Frieden huet drop higewisen, datt hien och mam President vun Zypern telefonéiert huet, dem Land, dat aktuell d’Presidence vun der EU huet an dat geographesch am nooste läit: “Et ass evident, datt déi Leit och ganz besuergt sinn, wat elo do an der Regioun geschitt.“
Op d’Fro, ob eng nei Well vun islamisteschem Terror an Europa ze fäerte wier, bleift de Premier virsiichteg: “D’Repercussiounen si schwiereg virauszesoen, mee déi Situatioun, wéi ech gesot hunn, ass eng ganz eescht Situatioun.“
De Luc Freiden sot, datt den Iran “wollt eng Nuklearmuecht ginn, vläicht ass se et schonn“ an datt de Regimm zu Teheran ëmmer nees géint Israel a Saudi-Arabien gedreet hätt. “Et kann een net ausschléissen, datt dat och Repercussiounen op d’Sécherheet op aneren Deeler an der Welt huet.“
De Luc Frieden huet fir e Méindegmoien e Regierungsrot zesummegeruff. Et wéilt een als Regierung gemeinsam d’Sécherheetslag analyséieren, souwuel fir Lëtzebuerger am Ausland wéi och fir d’Situatioun am eegene Land.
Den Noen Osten ass eng vun de wichtegste Regiounen, wann et ëm Pëtrol a Gas geet. Tëscht dem Iran an dem Katar läit eng vun de gréisste Gasreserve vun der Welt: “All Kéiers, wann an der Geopolitik eppes geschitt, huet dat Repercussiounen op d’Ekonomie.“
Trotz der Brutalitéit , déi den Ament iwwerweit, gesäit de Premier eng Chance fir den Iran. “Et kann een nëmmen hoffen, datt d’iranescht Vollek et fäerdeg bréngt, dee Regimm hei elo ze kippen.“Et wier wichteg, dass d’Iraner elo fräi ausschwätzen, wien se gären hätten, deen se géing dirigéieren.
Op europäeschem Niveau schléisst de Premier eng militäresch Bedeelegung aus. “Mir wäerten eis an deem Konflikt do net bedeelegen, militäresch.“
Fir d’Europäer wier d’Diplomatie de wichtegste Moyen fir virun ze kommen an e Fridden an der Regioun ze garantéieren, esou de Regierungschef. Hien huet dofir och mam President vum Europäesche Conseil, Antonio Costa, geschwat an eng Reunioun vun den europäesche Staats- a Regierungscheffe gefrot. “Nëmme gemeinsam si mer als Europäer relevant.“
Europa dierft awer och net naiv sinn an d’Geforen, déi vum Iran ausginn net ze gesinn. Et misst verhënnert ginn, dass een eng Zilscheif vu Revanche-Attacken, déi vun do aus kënne kommen, elo ze ginn.