"Fir d’Caroline an all déi, déi géint Leukemie kämpfen"Neie Rekord fir Plooschter Projet: 1.393 nei Registréierungen

Monique Kater
D'Asbl Plooschter Projet huet e Samschdeg e Rekord gebrach, wat d’Registréiere vu Stammzelle Spender ugeet. Bal 1.400 Persounen hu sech bei der Aktioun um Lampertsbierg teste gelooss.
Aktioun Plooschter Projet
D’Asbl Plooschter Projet brécht haut de Rekord, wat d’Registréiere vu Stammzelle Spender ugeet.

D’Caroline ass eng talentéiert a begeeschtert Äiskonschtleeferin an zënter 2025 krank. D’Caroline huet Leukemie a versicht bis haut, dëser uerger Krankheet Meeschter ze ginn. Déi jonk Fra brauch Hëllef, ass op Leit ugewisen, déi Stammzelle spenden. De Fall Caroline stoung um Samschdeg fir jiddwereen, dee Leukemie huet, an, un hirer Säit, d’Mady Elvinger, déi dës Aktioun mam Plooschter Projet organiséiert huet. Als Presidentin vum Äiskonschtlafclub Kockelscheier huet si d’Caroline vun Ufank u begleet, am Sport an och wéi et krank ginn ass. D’Caroline géing genee observéieren, wat d’Leit fir hatt maachen an et kréich Kraaft dorausser.

D’Eva ass d’Mamm vum Caroline, si war begeeschtert vun de ville Leit déi sech mobiliséiert hunn.

“Et ass immens wéi dëst Land sech mobiliséiert fir d’Caroline an all d’Patienten, déi ënner Leukemie leiden. Ech menge mir schreiwen haut Geschicht, mat dëser Aktioun.”

Déi bis elo gréissten Aktioun

Um Samschdeg hunn sech ënnert anerem d’Schwëmmerin Paule Kremer an den Tom Habscheid, Spëtzesportler am Bommstousse bei de Paralympics, als Spender registréiert. Schonn am Laf vun der Woch hat de Grand-Duc Guillaume an de soziale Medien seng Ënnerstëtzung fir de Projet matgedeelt an och selwer eng Bluttprouf ofginn. Och de Yannick Lieners, Initiateur vum Plooschter Projet huet sech scho fréi iwwer de groussen Undrang an der Victor-Hugo-Hal gefreet.

“Dat hei gëtt eis gréissten Aktioun, mir hunn de Moie scho 400 Leit gezielt, déi sech teste gelooss hunn.”

Virun 12 Joer huet de Lëtzebuerger Triathlet Yannick Lieners de “Plooschter Projet” an d’Liewe geruff, eng Asbl, déi sech zënterhier dofir asetzt, dass esouvill Leit ewéi méiglech sech als Spender vu Stammzelle registréiere loossen. An dat mat Succès: bis haut zielt d’Asbl iwwer 17.000 Registréierungen, a leescht domadder e grousse Bäitrag am Kampf géint Leukemie. D’Aktioun an der Victor Hugo Hal war mat “Save a Life – fir d’Caroline an all déi, déi géint Leukemie kämpfen” iwwerschriwwen.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO